Serge Tonnar & Legotrip am Stued Theater zu Maacher

An der fréierer Woner-Wierkstat 'um Stued' zu Gréiwemaacher, déi well wäit iwwert d'Maacher Grenzen eraus als 'Stued Theater' bekannt ass, hu leschte Freideg a Samschdeg (11. an 12.Mee) de Serge Tonnar a Legotrip hire Bopebistro-Programm op d'Bühnche bruecht. Gespillt a gesonge gëtt hei akustesch, ouni Mikro an ouni Kabel, vun der Long op d'Zong. Gittaren, Mandolin, Brëttelspiano, verstëmmte Piano, Melodica, Glackespill, Trompett, Bassgei 'd'Bom' an einfachst bestéckte Schlogezei, dat mécht de 'Sound', deen tëscht di al Maschinne passt. Gekleet an alen, karréierte Stëfter, Schal, Hutt, Galien, Gillet an ënnert deem ganze Geschir d'Ënnerhiemchen, de 'Marcel', dat mécht de 'Look', deen dat aalt Handwierksgeschir, dat iwwerall trëllt zousätzlech betount. Véier Museker, wéi véier Riedercher, harmonéieren mateneen, harmonéiere vum éischte Stéck u mat engem opmierksame Publikum. D'Texter vum Serge Tonnar iwwert alldeeglech Suergen, Politik, Léift, Flemm, Schoul, Diskriminéierung ... a Bopebistroe ginn net nëmme gär gehéiert, mee gelauschtert a sinn derwäert opgeholl ze ginn. D'Musek, d'Arrangementer an déi ofwiesselnd Klangfaarwe vu Legotrip droen op eng wonnerbar Aart a Weis Wierder a Geschichten. Och stëmmlech ergänzen sech de Kontrabassist Rom Christnach alias 'De Wäissen', de Multiinstrumentalist Eric Falchero, den Trommler Misch Feinen an natierlech de Kapp a Gittarist Serge Tonnar beschtens.
E weideren, wierklech schéine Moment voller Stëmmungen, Emotiounen a Freed am Stued Theater zu Gréiwemaacher. (www.urwald.lu)

Photoe vum Christiane Schiltz-Urwald