georges urwald & FLOTT an der Philharmonie
um weitere Bilder zu sehen.
Ganz flott!
Virstellungs-Concert vun der neier CD vu Georges Urwald & FLOTT an der Philharmonie
Ganz gutt gefëllt war de Kammermusekssall vun der Philharmonie, wou de Georges Urwald, zesumme mam Ensemble „FLOTT“, hir neisten CD „1971“ virgestallt huet.
Mir hunn en Owend erlieft mat bal ausschliisslech nei komponéierten a getexte Lidder op Lëtzebuergesch. Näischt Neits, kéint ee mengen, well et jo schliisslech eng ganz Rei Museksgruppe gëtt, déi sech op nei gemate Musek mat Lëtzebuerger Texter spezialiséiert hunn. Stëmmt!
An awer géif ech behaapten, dass sech dës Produktioun duerch eng besonnesch Originalitéit ervirdeet. Musikalesch huet de Georges Urwald seng Wuerzelen souwuel an der Klassik wéi am Jazz, wouduerch d’Improvisatioun a sengem musikalesche Schafen ëmmer eng ervirgehuewe Roll spillt. Esou och beim Programm vun dësem Owend. Den Titel vum Concert (a vun der CD), dee beileiwe keen Zoufall ass, ass den Ausgangspunkt fir Gedanken an Iwwerleeungen, déi e 50-järegen sech esou mécht. Eng Hëllef ass him dobäi déi eng oder aner Kéier d’Siichtweis vun engem Clown. Op der Bün haten d’Museker dofir, ganz passend, d’Ënnerstëtzung vum Joe Del Toe, dee mat originellen an och iwwerraschenden Iddien, Musek an Text illustréiert, nee, interpretéiert huet. Un de Reaktioune vum Publikum huet ee gemierkt, dass seng „Erklärungen“ definitiv verstan goufen.
Déi improviséiert Passagen an der Musek hu sech an deem Moment iwwregens ganz schlësseg an de Kontext agefüügt. Dat ass allerdéngs och doduerch gelongen, dass de Georges Urwald (Piano a Gesank) villsäiteg a qualitativ exzellent Museker „aus der éischter Rei“ mat op der Bün hat: Anne Kaftan (Sax a Bassklarinett), Jeff Mack (Trompett, Bügel a Gesank), Franz Schilling (Gei a Gesank) a Franck Hemmerlé (Percussioun). Op der CD ass och nach d‘Caroline Mirkes (Cello) ze héieren.
Stilistesch hu mer deen Owend munnech Momenter an den 1920er Jore verbruecht, wéi ee schon aus der Instrumentalbesetzung ka schléissen, mee soss si mer mat Hëllef vun originellen Arrangementer an dem Clown seng Mimik duerch ganz vill verschidde Gefills- a Fantasiewelte gefouert ginn.
Apropos 1971: dat ass gläichzäiteg d’Gebuertsjoer vum Komponist an d’Doudesjoer vum Lëtzebuerger Auteur Fritz Weimerskirch (D’Lidd vum Théiwesbur) a vum russesche Komponist Igor Strawinsky. Dofir hu mer och dierfen eng amüsant Théiwesbur-Versioun à la Strawinsky erliewen.
Et kann een also duerchaus e gläichzäiteg ënnerhalsamen an usprochsvolle Programm maachen. Mat dem Georges Urwald sengen Aféierungen a Kommentaren si mer zousätzlech och nach sou Munneches gewuer ginn!
Fir déi, déi de Concert verpasst hunn : d’CD (an d’Vinyl-Plack) 1971 vu Georges Urwald & FLOTT gëtt et iwwert urwald.lu oder am Plackebuttek beim Palais.
Jean-Marie Kieffer (Photo copyright Philharmonie / Max Mausen)