Schlüpferesch II am Stued Theaterchen - Merci Theriente!

An den 1920er an 1930er Joere sinn se zum Deel, wann iwwerhaapt, fir d'lescht erklongen, di flott, lëschteg, zum Deel poetesch oder defteg Texter vum Jempi Welter (1902-1945). Während 6 Mäerz-Owenter (D'Premiär de 14.Mäerz wor zoufälleg op dem Theriente säin Doudesdag gefall) sinn se am Stued Theaterchen zu Gréiwemaacher am Kader vum Spektakel 'Schlüpferesch II - En Hommage un de Jempi 'Theriente' Welter' erëm a beschter Stëmmung gesongen, gespillt, gehéiert a gelieft ginn, virgedroe vun der dynamescher Gesanksequipe 'D'Jempien' an zum Deel natierlech vum Publikum. Begleet hunn den Orchesterche Frivoli an den Dammenensemble 'd'Gëlle Fraen'. Nieft der Beräicherung vum Lëtzebuerger, eppes méi lëschtege Repertoire mat Lidder wéi 'Wat sinn ech e Kéiskapp, In einem kleinen WC, D'Kanéileliss vu Weier, Konfetti, D'Lidd vum Yoyo, D'Riserad, Un der Atert, De Stoussnéckel, Kuckt den Nic, Kéifaarwegblond', asw. ass de Publikum dat Wichtegst gewuer ginn iwwert d'Liewe vum erfollegräiche Lëtzebuerger Revue-Auteur aus der Tëschekrichszäit an iwwert seng Verëffentlechungen. Hei sinn aus der satirescher Wochenzäitschrëft 'De Gukuk' seng Gedichter a seng 'Pitti's Aufsätze', déi immens populär woren, betount ginn. Bäim Pättchen a bäim Mäifelchen ass zesummen an d'Nuecht era gesonge ginn, sou wéi een et am Stued Theaterchen gewinnt ass. De stëmmungsvolle Live-CD vum 'Schlüpferesch I - Hommage un di Wëll Zwanzeger' ass iwwerdeems virgestallt ginn a kann iwwert de Site www.urwald.lu bestallt ginn.
De Schlüpfersch III, dat ass verrode ginn, gëtt en Hommage un de Sepp Thill an de Max Duchscher ...
www.urwald.lu
Photoe vum Sybille Plein