Generalversammlung vun der Schankemännchen asbl zu Groussbus

Et war der Präsidentin Christiane Thommes-Bach vun der Schankemännchen asbl Groussbus vergonnt vill Memberen op hirer traditioneller Generalversammlung am Festsall zu Groussbus ze begréissen. Hei huet den Ausbléck op di kommend Aktivitéiten haaptsächlech dem Kannertheater am Juli 2024 gegollt, dee fir d’éischte Kéier als Fräiliichttheater am Prommenhaff opgefouert gëtt.

Nodeems mam Pia Ittenbach, Michèle Turpel an dem Georges Arendt dräi nei Memberen an de Comité opgeholl si ginn, ass dem Rosch Gereke als démissionnaire Comites Member fir säin 30-jährigt Matschaffen op an hannert der Bün bei de Schankemännercher mat enger flotter Corbeille Merci gesot ginn.