Krëppespill vun de Kanner aus der Par Atertdall - Sainte Claire


Groussbus: An der bis op di läscht Platz gefëllte Kierch zu Groussbus hunn op Hëllegowend eng grouss Zuel vu Kanner aus der Par Atertdall - Sainte Claire ënnert der Leedung vun der Kannerpastoral- Equipe op eng liewig Aart a Weis, d’Chrëschtgeschicht duergestallt. D’Massfeier, zelebréiert vum Paschtouer Ricardo Monteiro, gouf mat Chrëschtlidder vun de Kanner mat der Chorale ënnert der Leedung vum Fos Schuster a mam Jos Helbach op der Uergel musikalisch a mat alle Leit gesanglich verschéinert. Mam Verdeele vum Friddensliicht ass dës besënnlech Feier op en Enn gangen.