Riesenbovist vu 6520 Gramm

David Albert, de bekannte Restaurateur vum Hotel-Restaurant L'Ernz Noire um Grondhoff huet gëschter Samsdeg, de 5. Oktober, ee Riesenbovist an der Géigend vun Haler fonnt. 6520 Gramm huet de Champignon "Calvatia gigantea" op d'Wo bruecht. Fir den David Albert, dee schons als Bouf mat sengem Papp op d'Sich vun de Champingone gaangen ass, ass dësen Riesenbovist dat gréisst Exemplar, dat hien je fonnt huet.

Zerwéiert gëtt de Riesenbovist an de Zoppen oder panéiert (ewéi ee Schnitzel).