Konveniat vun den Nokommen vun der Famill Félix Risch a Louise Kass vun Heeschpelt

Op Invitatioun vum Marie- Marthe Kieffer- Risch, Milly May- Meyers an Marthe Wagner- Clees hun sech ee Sonndeg den 15. Mee d'Nokommen vun der Famill Félix Risch- Kass vun Heespelt erëmgesin. De Félix Risch vun Heeschpelt huet seng Fra Louise Kass vu Rolleng/ Miersch den 3. Abrëll 1883 bestued. Zesummen haaten sie acht Kanner an haut zielt d'Famill Risch am ganzen 120 Nokommen. Dovunner waren der ronn 90 op de Konveniat an d'Haal op Gréivels komm fir bei deser Geleenheet sech mol ënnereneen besser kennen ze léieren. ( FOTOEN: CHARLEL REISER)
Hei hannendrun ass och nach de kompletten Stammbaam vun der Famill ze gesin.