D'Léierin Yvonne Hansen -Pinnel ass a Pensioun gaang

Gebuer am Joer 1952 zu Dahlem ( Garnich ) huet dem Yvonne Hansen- Pinnel hier Karrière als Primärschoulléierin am Joer 1973 an der Gemeng Bascharage ugefangen. Während 6 Joer war d'Yvonne Pinnel als Léierin zu Lenger an duerno während zwee Joer zu Hautcharage ugestallt. Am Joer 1981 huet d'Yvonne Hansen - Pinnel an der Primärschoul zu Garnich Schoul gehaal an dat bis zu hierer Pensioun am Joer 2010. Am Restaurant " maison rouge" zu Sëll ass am Krees vun der Famill, de Virgesetzten, dem Léierpersonal, de Gemengenverantwortlichen an de Frënn a Bekannten, Abschied vum aktiven Berufsliewen gefeiert gin.
Méi heivunner ass an de kommenden Deeg am Luxemburger Wort ze liesen. ( FOTO: CHAREL REISER)