De Lëtzebuerger Folklore an d’Welt eraus droen.

Lidderuucht Lëtzebuerg op der Europeade zu Gotha.

Den Ofschloss vun der Saison fir d’Lidderuucht Lëtzebuerg stoung ganz am Zeechen vun enger Tournée duerch Thüringen an Sachsen-Anhalt. Gotha war dëst Joer den Organisateur vun der 58. Europeade vum Folklore, wou 196 Folkloregruppen aus ganz Europa mat méi ewéi 4100 Dänzer, Sänger, Museker drun deelgeholl hunn. No Horsens, Antwerpen, Quimper, Martigny, Padua, Kielce, Namur, Viseu, war Gotha déi 9. Europeade fir d‘Lidderuucht. Mat Concerten op historeschen Plazen konnt d’Publikum mat lëtzebuerger Lidder begeeschtert ginn. En Héichpunkt war den Chouerowend um „Oberen Hauptmarkt“ wou d’Lidderuucht d‘Éier hat als éischte Grupp ze sangen an esou dësen Chouerowend anzeleeden. Mat Lidder „Muerges fréi“, „Meng Freiesch“, „D’Spëtzebox“ an „Äddi bis geschwënn“ konnt d‘Publikum zum Matklappen animéiert ginn, esou dass eng besonnesch Stëmmung opkoum, déi zum Ofschloss vum Optrëtt, mat engem begeeschterten Applaudéieren honoréiert gouf. De Cortège duerch Gotha, mat allen Folkloregruppen, esou ewéi och Dänzer vun „Uucht&La Ronde“, huet 3 Stonnen bei décker Hëtzt gedauert, mat zum Schluss engem klenge Reen, mee et huet sech gelount fir matzemaachen. Onmasse vu Leit stoungen laanscht d’Strooss fir de Cortège zekucken an et gouf vill Luef fir ons Kleeder (Bourgeoisie 1820-1890), wourop mir natierlech houfreg waren. Beim Passéieren vun der Éierentribün, wou den Innenminister an den Oberbürgermeister ënner anerem souzen, gouf et en décke „Merci“ fir onsen stëmmungsvollen Optrëtt um Chouerowend. Tournée ass eriwwer an den 1. Optrëtt ass schon den 30. September um UNESCO Dag vun der lieweger Kultur (IKI) am Neimënster!

Info www.lidderuucht.lu

www.europeade.eu