Gedenkmass 40 Joer Lidderuucht Lëtzebuerg

40 Joer besteet d’Lidderuucht an als Optakt vun de Feierlechkeeten, war um Pafendaller Kierfecht eng kuerz Gedenkzeremonie um Graf vum René Hornick, Initiator vun der Lidderuucht, a senger Fra Josette Hornick-Kieffer, déi Allenzwee Grënnungsmembere waren. Duerno eng Gedenkmass an der Zenserkierch mam Paschtouer Laurent Fackelstein. Et war eng Besënnlech a Feierlech Mass wou den Här Fackelstein a senger Priedegt e bëssen op déi 40 Joer zeréck gekuckt huet a mat Beispiller d’Wichtegkeet vum Gesang , besonnesch hei d‘Lëtzebuerger Lidder, an der Kierch; op kulturellem Plang; bei verschidden Organisatiounen oder am klenge Krees, ausgedréckt huet. D’Lidderuucht spillt hei eng ganz wichteg Roll a soll et och bleiwen. E grousse Merci un all aktiv Memberen aus deene 40 Joer. Encadréiert gouf d’Mass mat Uergelmusek vum Patrick Colombo deen och d‘Noémie Sunnen bei hirem Gesang begleet huet. Och d’Lidderuucht, ënnert der Direktioun vum Claude Hornick, huet e puer Lidder gesongen; Aus de Bierger duerch den Dall; De Lantermännchen vum René Hornick; Léif Mamm an als Ofschloss nom Seege vum Här Fackelstein; Au revoir gudd Nuecht. Mat engem klengen Éierewäin offréiert vun der Lidderuucht an e bësse Gepoters goung dës Gedenkmass zu Enn. Weider Infoe vun de Feierlechkeeten op www.lidderuucht.lu