Preparatiounen 40 Joer Feier

Vill Optrëtter am vergaangene Joer

D´Lidderuucht Lëtzebuerg hat e gutt gefëllten d’Joer 2023 ouni Restriktiounen ewéi an de vergaangene Joeren. Zwee Evenementer sinn hei erauszesträichen. Europeade vum Europäieschen Folklore zu Gotha, wou d’Lidderuucht mat flottem Gesang, Lëtzebuerg mat groussem Erfolleg vertrueden huet. Dat Zweet war: “Dag vum immateriellen Kulturiewen” an Neimënster, wou d’Vallée des Sept Chateaux an d’Lidderuucht en ofwiesslungsräichen Programm mat Danz a Gesank konnt presentéieren. D’Leit hunn matgesongen an och zum Deel matgedanzt an selwer gemierkt wéi wichteg d’Erhalen vun onsem allgemengen Kulturliewen ass. Dëst war en wichtegen Deel vum Réckbléck aus dem vergaangene Joer aus der Generalversammlung vun der Lidderuucht.

Am Ufank vun dëser Generalversammlung huet de President, Carlo Stemper, d’Memberen, d’Éiermemberen, d´Éierepresidenten vun der Lidderuucht souwéi d’Vertrieder vun der Hollerecher Musek, Vallée des Sept Chateaux Miersch, begréisst a verschidden Mercien ausgeschwat. Kuerzfristeg huet d’Vertriederin vun der UGDA, wéinst Onwuelsinn, missten ofsoen. Am Rapport vun der Sekretärin, Hornick Geneviève, war ze héieren dass 33 Prouwen an 20 Optrëtter, dorënner déi zwee uewen ernimmten konnte realiséiert ginn, also e gutt gefëllte Programm. Fir Zukunft stinn schon e puer Optrëtter um Programm, besonnesch 40 Joer Feierlechkeeten vun der Lidderuucht. D’Finanzen sinn nach gesond, an de Keessebericht vun der responsabel fir d’Keess, Francine Decker gouf vun den Keesserevisoren approuvéiert. All d’Rapporten goufen vun der Versammlung ugeholl. D’Keesserevisoren; Alice Steichen, Mariette Merges an Nicole Risch, sinn nach e weidert Joer dobäi. Am Comité erneiert de President Carlo Stemper, aus private Grënn, net méi säi Mandat. Medaillen waren dëst Joer keng virgesinn, mee awer extra Mercien un de Chef, Claude Hornick, an Brëttelspianisten, Marguy Harsch a Mike Marnach. Et war dunn d’Wuert um Chef, deen kuerz op d’lescht d’Joer zréck gekuckt huet an allen aktiven Merci sot fir hieren Asaz. Fir dëst Joer sinn verschidden Optrëtter am Kader vun de 40 Joer Feierlegkeeten wou mer ons gudd musse virbereeden an jiddereen gebraucht gëtt. Fir Detailer vun Wéi? Wou? Wat?, huet hien, dem President vum Organisatiounscomité, Marcel Blum, d’Wuert weiderginn. Hei war ze héieren dass d’Redigéieren vum Jubiläumsbuch geschwënn ofgeschloss ass, esou dass et prett misst sinn fir d’Feierlechkeeten. E puer Datumer vun de Feierlechkeeten sinn:

11.04.2024 um 17:00 eng Mass an der Kierch um Zens.

20.04.2024 Owes Galaconcert mat der Hollerecher Musek. (Hollerech)

13.10.2024 Frëndschaftsdag zu Hollerech
Well dat alles mat aussergewéinlech Käschten verbonnen ass kann een d’Lidderuucht mat engem Don ënnerstëtzen.
CCPLLULL: LU96 1111 1324 9186 0000 oder iwwert UGDA.

CCPLLULL: LU10 1111 0043 0032 0000 mam Vermierk < Lidderuucht 40 >

Bei all Don vun 30 € un, kritt een och e Jubiläumsbuch
All weider Detailer op www.lidderuucht.lu