E Bam vir all Neigebuerent Kand an der Gemeng Rammerich


Houltz: Am Kader vum Dag vum Bam an am Verlaaf vun enger klenger Feier beim Festsall zu Houltz, hun ronn 20 Kanner di tëschent dem 1. Oktober 2022 an dem 30. September 2023 op d’Welt komm sin, mat hiren Elteren, e Bam no hirer Wiel vun der Gemengeverwaltung Rammerich, geschenkt kritt. Wi d‘Myriam Binck, als Buergermeeschter agaangs vun deser Feier vermierkt huet, sin ganz vill Bräicher mat der Gebuert vun engem Kand verbonnen, wou en vun denen ass planzen vun engem Bam als Zeechen vun engem neie Liewen duerstellt. Wonnerbar ass et ze gesin, wann de Bam am Fréijoer engt neit Kleed un deet an och Schutz a Schied mecht fir de Mënsch an Déier an eis duerno beschenkt mat gudde Friichten. An och am Hierscht wou hien Abschied hëllt mat engem schéinen Farwekleed souwi och am Wanter hällt hien de Stuerm an de Reen aus. Genee wi e Bam, brauch e Kand vill Léift, Gedold a Pfleg, an dat ass ent vun dene ville Rezepter. Et ass och immens interessant a schéin ze gesin, wi e Kand grad wi de Bam sech am Laaf vu sengem Liewen entwëckelt an och grouss gëtt. De Mount November ass bekanntlich den nationalen Dag vum Bam hei zu Lëtzebuerg. Duefir ass och am Virfeld vun deser Feier symbolisch fir all Kand an der Gemeng eng Lann op der Spillpatz zu Houltz zesummen mat de Kanner, Elteren, dem technischem Dingst vun der Gemeng an de Vertrieder vun der ANF geplanzt gin. Bei enger deftiger Zopp an engem Patt am Festsall huet dess schéi Feier och hiren würdigen Ofschloss fond. (CR (Fotoen: Charles Reiser)