Buergbrennen zu Housen 2020

Och 2020 gouf zu Housen traditionnel d'Buerg gebrannt.

D'Frënn vum OPEN-AIR Housen Asbl an hier Kollegen hu samschdes bei guddem wanterlëchem Wieder d'Kräiz gebonn an duerno opgeriicht.

Owes ass dunn d'Buerg gebrannt ginn a bei engem Patt an engem Ierbessebulli ass den Owend du gemittlech ausklénge gelooss ginn.