Chrëschtconcert

Den 18 Dezember 2022 hat d’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert hiren traditionelle Chrëschtconcert. Direktioun Jean Schumacher, Uergel Stefan Dorneanu, Géi Ruben Dorneanu, Flütt Philipp Schneider. Sangsolisten Mary Dorneanu-Karier, Philipp Schneider, Hans Vanderdrift.

D’Quête war fir e Projet éducatif vun der Associatioun LUkraine, Ecole Mriya, duerfir huet e Grupp ukrainesch Kanner niwt der Ukrainescher Nationalhymn nach e Lidd gesongen. Mir konten dem Här Zharov e Scheck vun 2.600 € iwerreechen.