Schetzelfeier am Gréngewald

Paroisse St.Esprit-Iewescht Syr - Schetzelféier

Wéi all Joer war och dëst Joer den 14. August 2022 d’Par St.Esprit iewescht Syr fir déi 52 Kéier an de Gréngewald bei d’Grotte vum séilege Schetzel gepilgert. Dëst Joer war en extraen Deel fir d’Familjen, déi en Trëppeltour gemat hun, an no der Mass am Bësch picknickt hun.

D’Mass ass gehale gin vum Här Nico Schartz, Paschtouer vun der Par Saint Esprit an dem Här Edmond Ries, den och gepriedegt huet.

D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert huet de musekaleschen Deel

iwerholl a guff begleed vum Här Jean Schumacher

E grousse Merci gung un den Marcel Hoffmann, un d’Chorale, den Organist ,d’Katechetin Josée Wirtz, de Fieschter an un d’Gemeng Nidderaanven fir de Bus, d’Camionette, a fir den Eirewäin no der Mass.