Schetzelfeir am Gréngewald

Hueschtert - Paroisse St.Esprit-Iewescht Syr - Schetzelféier

Wéi all Joer war och dëst Joer den 11. August 2019 d’Par St.Esprit iewescht Syr fir déi 49. Kéier an de Gréngewald bei d’Grotte vum sélige Schetzel gepilgert. Op dëser roueger Plaz am Gréngewald huet sech de séilege Schetzel déi 14 lescht Joer vu sengem Liewen zerëckgezunn fir dem Härgott méi no ze sinn.

D’Mass ass gehale gin vum Här Léo Wagener, eisem néi ernannten Weihbeschof.

Et hu mat konzelebréiert, déi Hären Nico Schartz, Paschtouer vun der Par Saint Esprit, Guy Diederich dee gepredigt huet, Michel Meyer vu Völklingen an de Marcelin aus dem Burkina Faso.

D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert huet de musekaleschen Deel

iwerholl a guff vun der Madame Kirsten Elmquist begleed.

E grousse Merci gung un den Här Marcel Hoffmann, un d’Chorale, d’Organistin un de Fieschter an un d’Gemeng Nidderaanven fir de Bus an d’Camionette.