Chèque fir AnimalHope Gut Aiderbichel

Mat hirem Concert den 10. November wousst d’Chorale Ste. Cécile vun Hunchereng-Fenneng-Näerzeng e grousse Publikum ze begeeschteren. Mat Gospelen a Spirituals goung et duerch e flotte Programm ënnert de Leedung vum Josée Schmitz. Um Piano gouf d’Chorale begleet vum Sylvie Stammet an als Solistin huet d’Valérie Stammet matgewierkt.

Nom Concert huet d’Presidentin vun Animal Hope d’Associatioun virgestallt. Op der klenger Receptioun duerno konnt dunn e Chèque vun € 1.300,- iwwerreecht ginn.