Concert vun der Chorale Ste. Cécile H-F-N zu Gonschte vu SONFLORA Nicaragua.

E Sonndeg de 16. Oktober wosst d’Chorale Ste. Cécile vun Hunchereng-

Fenneng-Näertzeng hire Publikum ze begeeschteren. Mat Evergreens vun de Comedian Harmonists, Charles Trenet iwwer Simon & arfunkel bis Michael Jackson haten d’Sängerinnen a Sänger e Programm deen de Publikum an deem vollbesaten neie Kultourhaus zu Hunchereng matgerappt huet.

Um Ënn vum der Virstellung war eng Kollekt zu Gonschte vu Sonflora am Nicaragua. Mat deem stolze Resultat vun € 2.800 kann Sonflora de Kanner vun Tamarindo a Poneloia Schoulmaterial organiséieren an och dofir suergen dass déi Kanner aus manner bemëttelte Famillen eng waarm Moolzecht am Dag kréien.

E grousse Merci vun der Chorale un dee generéise Publikum.