5. Generalversammlung vu SONFLORA Letzebuerg

đź“·


Am Kader vun der 5. Generalversammlung huet de President Laurent Karels de Memberen a sengem Comité Merci gesot fir deen onermiddlechen Asaz deen si am Laf vum leschte Joer gewisen hunn.An engem Livegespréich huet d’Responsabel, Mary Amrein aus dem Nicaragua och allen Uwiesenden Merci gesot fir déi finanziell Ënnerstëtzung.

Wat ass SONFLORA?

Sonflora ass eng Organisatioun am Nicaragua déi Kanner mat schwéierem familiären Hannergrond am Beräich Bildung, perséinlech Entwecklung a Fräizäit

bäisteet. De Schwéierpunkt vun der Aarbecht ass iewel dofir ze suergen dass d’Kanner reegelméisseg eng waarm Moolzecht kréien, hinnen beim Schoulunterrecht an Hausaufgaben hëllefen. Desweideren suergt SONFLORA fir psychologesch a medezinesch Betreiung, stellt Schoulmaterial wéi Bicher, Hefter asw…zur Verfügung a versicht mat Spill a Spaass de Kanner den Alldag an dësen politesch onrouegen Zäiten z’erliichteren.

Fir dëst alles ze realiséieren si mir frou fir all Ënnerstëtzung déi mir kenne kréien.

Am Viraus villmools Merci

đź“·


SONFLORA LĂ«tzebuerg

a.s.b.l

23, rue Principale

L – 6390 RAMELDANGE


e-mail : sonflora_lux@hotmail.com

www.sonfloranicaragua.com.

BCEELULL / IBAN LU75 0019 4355 0706 5000