100 Joer Chorale Ste-Cécile Junglinster: D'Gëllent Buch vum Centenaire

D’lescht Jar huet de Lënster Gesank säin 100. Gebuertsdag gefeiert. Eng ganz Rei vu kulturelle Manifestatioune gouwen organiséiert, déi all e grousse Succès ze verzeechnen haten.

Doniewent huet en Aarbechtsgrupp e Gëllent Buch vu ronn 350 Säiten ausgeschafft, dat op déi 100-järeg Geschicht vum Veräin zréckkuckt (André Sosson). Vierwierder gouwe verfaast vun eisem Äerzbësch, dem Jean-Claude Kadinol Hollerich, der Kulturministerin Sam Tanson, dem President vum Pius-Verband Albert Brauch, dem Buergermeeschter Romain Reitz, dem Paschtouer a President vum Organisatiounscomité Francis Erasmy a vun der Presidentin vum Gesank Ferny Wagener-Wecker. Doniewent fanne mir am Buch d’Beschreiwung vun de „Grabdenkmäler“ an der Lënster Kierch (Alex Langini) wéi och vun deenen 114 Engelen, déi op deene verschiddenste Plazen ze gesi sinn (Francis Erasmy). Aus mol engem anere Bléckwénkel beliicht den Auteur (René Link) d’Liewe vum hl. Martin. „D’Handwierk huet e gëllene Buedem“ ass den Titel vun deem Bäitrag iwwer d’Beruffer zu Lënster (Denis Dimmer). Mir liesen och en Artikel iwwer d’gëllent Kallef vun Allënster an iwwer de Wäert vum Choralgesank. Den Dirigent mécht sech Gedanken iwwer d’Zukunft vun de Gesangveräiner (Luc Nilles). Mir fannen och deen neie Logo vum Gesank a Biller vum Jacques Schneider. Den zweeten Deel vum Buch besteet aus engem Reportage iwwer d’Organisatioune vum Jubiléumsjar.

Hutt Dir schon Äert Gëllent Buch vum Lënster Gesank reservéiert? De Virverkaf leeft nach bis de 26. Mäerz: iwwerweist ganz einfach 60 Euro op de Kont CCRA LU22 0099 7801 0029 1491vun der Lënster Chorale mam Vermierk „Livre d’Or“. Vum 27. Mäerz u kascht d’Buch 65 Euro.

D’Gëllent Buch gëtt vum Generalvikar Patrick Muller virgestallt e Freideg, de 27. Mäerz, vun 19.30 Auer un am Kulturzenter Am Duerf zu Lënster. Jiddereen ass agelueden an den Entrée ass fräi. Duerno offréiert d’Gemeng eng Receptioun.