100 Joër Lënster Musek

Deser Deeg huet d'Lënster Musek 100 Joer ganz grouss gefeiert mat engem Galaconcert wou iwer 100 Musikannten op der Bühn soutzen.

Ett wor de grousse Wonsch vum vill ze fréi verstuerwenen Eirepresident Nic Bender fir op der 100 Joerfeier 100 Musikannten op der Bühn setzen ze hun.

Den Organisatiounscomité ronderem hier Presidentin Tiffany Saska huet him dese Wonsch zu sengen éieren réaliséiert.

Am éischten Deel stoung d'Buerglënster Musek ennert der Direktioun vum Christophe Weiland op der Bühn, déi dono vun der Lënster Musek ennert der Direktioun vum Chris Nothum ofgeléisst goufen.

Am drëtten Deel koum ett dun zum groussen Highlight vum Owend wou déi 2 Museken zesummen mat der Jonk-Lënster Musek zu 108 Musikannten dem Publikum 5 Stecker gebueden hun.

Nom Concert gouf de Musikannten an dem Publikum e grousse Gebuetsdagskuch ofréiert.