Galaconcert "GoWest"

Viru kuerzem huet zu Jonglënster am Centre Culturel Gaston Stein de Galaconcert vun der Lënster Musek stattfonnt.
Dëse Concert, ënnert dem Thema „GoWest“, war den Optakt vun de Feierlechkeeten fir 100 Joer Lënster Musek.
E volle Sall konnt sech während dësem Owend duerch déi amerikanesch Musekswelt féieren lossen mat bekannten Melodien aus dem Film, Rock a Pop-Beräich.

Ugefang huet de Concert mat 3 flotte Stecker, gespillt vun der Jonk-Lënster Musek ennert der Directioun vum Michèle Jungbluth a Ben Forster befir ett dann zum Highlight vum Owend komm ass, der Opféierung vum „Once Upon a Time in the West“ e Wierk fir Blosorchester mat bekannten Melodien vum Morricone, waat vum Steve Boehm arrangéiert gouf.

Am 2. Deel gouf d’Lënster Musek dun begleed vun enger Band déi aus Frënn vun der Lënster Musek zesummen gesaat gouf souwéi vun de Solisten Stephany Ortega a Serge Schonckert, ënnert der Directioun vum Philippe Lelong a Chris Nothum.
No desem groussen Erfolleg laafen elo d’Préparatiounen fir déi next grouss Manifestatioun am Kader vun den 100 Joer, de 17. März „Kölsche Nacht“ mam DJ Al souwéi der bekanntener kölner Coverband „6 Richtije“. Tickets kann een enner www.lenstermusek.lu bestellen.