Museksstage mat de Jugendmuseken vu Jonglënster a Sandweiler

Fir déi 2. Kéier elo schon sin déi 2 Jugendmuseken vu Sandweiler a Jonglënster zesummen op e Museksstage op Housen gangen.
Während dese 4 Deeg an der Allerhellgenvakanz hun déi ronn 60 jonk Musiker d’Geleegenheet gehaat fir an engem groussen Jugendorchester mat 2 jonken dynameschen Dirigenten, Mil Muller a Philippe Lelong e flotte Programm an zeschaffen.
Desen hun sie op engem Ofschlossconcert am Centre Culturel zu Sandweiler hieren Zuschauer zum beschten gin.
Encadréiert goufen déi Jonk vun enger flotter Equippe vun Animateuren déi an deenen 2 Veräiner täteg sin. Ett waren dest fir d’Holzinstrumenter; Nicole Schmit a Lea Muller, fir d’Saxophonen; Devan Horn, Jérémy Wille a Jean-Paul Roeder, fir de Blech; Annick Schuller, Raoul Wecker, Manou Majerus, Tom Leick a Rafael Pinto Martins, fir d’Percussioun; Tiffany Saska a Bjarne Louis, souwéi fir d’Animatioun Claudine Schleck, Nadine Leick, Chris Schleck a Chris Nothum.
Nierft deene ville Prouwen a klengen Gruppen an am groussen Ensembel goufen och vill aaner Aktivitéiten organiséiert wéi en Ausfluch an d’Schwemm zu Housen, e „Monopoly-Metten“, e Grillowend am Besch….
No desem groussen Erfolleg laafen och schon erem d’Préparatiounen fir déi 3. Editioun.
Fir déi wou leider d’Méiglechkeet net haaten hiere flotten Ofschlossconcert kenne lauschteren ze goen, kréien nach eng Kéier d’Méiglechkeet dese grousse Jugendorchester den 10. Juni 2018 am Kader vum Musekssdag fir 100 Joer Lënster Musek zu Jonglënster op der Duerfplaatz ze genéissen.