Eischten Sandweiler Jugendgala

Leschte Samsten den 30. Januar huet am Centre Culturel deen eischten Jugendgala statt fonnt. Während desem Owend stoung d´Jugend ganz am fierdergrond. Ugefang haat de Concert mat engem flotten an usprochsvollen Programm vun de Maacher Noutewenzer ennert der Directioun vum Christophe Weiland. No der Paus huet dun d´Sandweiler Jugendmusek ennert der Directioun vum Chris Nothum am Programm iwerholl fir hiert Kennen enner Beweis ze stellen.
Fir de Concert of zeschleissen haaten sech dei 2 Formatiounen zesummen gedoen a mat iwer 60 Musikannten op der Bühn wossten sie de Publikum ze iwerzeegen.