Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren aus eiser Gemeng

Gëschter hate mir bei äis zu Jonglënster eis traditionell Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren 2014 aus eiser Gemeng. D'lescht Joer sinn 79 Kanner bei äis gebuer ginn. Et war e flotte Moie bei guddem Wieder, an op d'Invitatioun vu Gemeng an Ëmweltkommissioun ware mir zu ronn 90 (Elteren, Grousselteren, Kanner, ...) fir an eisem Bongert um 'Duelebierg' 12 Äppel- a Quetschebeem ze planzen. Op dëser Plaz si mir elo schonn zënter 2011 an elo sti 60 Uebstbeem hei. E flotte Bongert op enger flotter Plaz. Hei kënnen dann d’Kanner spéiderhin hiert eegent Uebst plécke kommen.