Cäciliendag zu Jonglënster

Mat engem feierléche Gottesdéngscht hunn d’Membre vum Lënster Gesank a vun der Lënster Musek um Héichfest « Christus de Kinnek » d’Fest vun hirer Schutzpatrounin, der helleger Cäcilia », gefeiert. Dëst Jar hat dës Feier e besonnësch festleche Charakter, well si am Kader vun « 100 Joer Chorale Ste-Cécile » ofgehale ginn ass. Vill fréier Membre vum Gesank waren an deer schéiner barocker Kierch derbäi, wéi mam Lidd „Du König auf dem ewgen Thron“ d’Feier ageleet ginn ass. De Gottesdéngscht gouf zelebréiert vum Paschtouer Francis Erasmy ; gesonge gouf d’Mass vun der Chorale Ste-Cécile Jonglënster ënnert der Leedung vum Luc Nilles; op der Uergel huet de Laurent Felten d’Chorale begleet.
Am Kader vun dëser Feier hunn de Paschtouer Francis Erasmy an d’Presidentin Ferny Wagener-Wecker dem aktive Sänger Jean-Pierre Hinkel - dee schon zënter 1979 am Lënster Gesank ass – d’Goldmedaille mat Palmetten fir 40 Jar aktiven Déngscht an der Kierch iwwerreecht. Den Aloyse Wilmes krut d’gëlle Pius-Medaille fir eng 30-järeg Memberschaft. Déi sëlwer Pius-Medaille kruten d’Denise Weis-Hoffmann an d’Camille Débické, well si schon 20 Jar Member vum Piusverband sinn. De Paschtouer an d’Presidentin hunn de Geéierten hir laangjäreg Verdéngschter hervirgestrach, wou si sech engagéiert hunn zur Eier vun eiser Härgott an zur Freed vun hire Matmënschen. Och hu si de Membre vun der Chorale an der Musek e grousse Merci ausgesprach fir all dat, wat si fir d’Leit aus der Gemeng leeschten, well se jo hir frou Fester verschéineren an de traureg Momenter méi liicht maachen.