D'Lënster Senioren "On Tour": Ausfluch an den Ahrdall

En Donnëschdeg, den 20. September 2012, organiséieren d'Lënster Senioren en Ausfluch an den Ahrdall. Den Départ op der Gare zu Lënster ass ëm 7 Auer, an ëm 7.05 um Parking beim neie Footballsterrain. Mir fueren iwwer d‘Autobunn Richtung Koblenz bis op Schalkenmehren an der Vulkaneifel. Do drénke mir gemittelch Kaffi am Café Maarblick (www.cafemaarblick.de). Duerno fuere mir op Bad Neuenahr. Mir hunn Zäit fir duerch d’Stad an de Park ze trëppelen. Mir iessen am Hotel Giffels Goldener Anker (www.giffelsgoldeneranker.de). Nom Mëttegiessen geet et weider op Ahrweiler, bekannt e.a. fir déi schéinste Foussgängerzon am Ahrdall. Do bleiwe mir bis 16.45 Auer.
Ëm 17.00 Auer hu mir nach eng Wäiprouf mat 4 verschiddene Wäiner (oder Drauwejus) an deer eelster Genossenschaftskellerei vun der Welt zu Maischoß. Mir kréien do och nach e „Wënzerteller“ zervéiert (www.wg-mayschoss.de). Géint 18. 30 maache mir eis op den Heemwee. Mir versiche géint 20.30 zu Lënster ze sinn. Präis: 55 €; Net-Membre bezuele 67 €. Umeldunge ginn ugeholl um Telefon 78 00 83 (Josée) oder um Telefon 77 01 42 (Marianne) bis de 16. September. (dd)