De Kleesche war zu Jonglënster

Wéi et schon zur Traditioun ginn ass, besicht all Jar de Kleeschen d'Kanner aus der Lënster Gemeng am Kader vum Adventsmaart. De Kleeschen an den Houseker ware begleet vun de Schäffe Françoise Hetto-Gaasch a Gilles Baum, vun enger Rei vun Engelcher, vu Guiden a Scouten an der Musek. Vill Leit hate sech och op der Plaz virum Kulturzenter afonnt, fir deer flotter Feier bäizewunnen. A senger Usproooch huet de Kleeschen drop higewisen, datt d'Kanner aus der Gemeng den Houseker net bräichten ze fäerten, well si wire bei deene bravste Kanner aus dem ganze Land a si hätten hire Kaddo méi wéi verdéngt.