De Simon Jakobs ass zënter 10 Jar am Restaurant Parmentier zu Lënster

De Simon Jakobs ass den 18. Juli 1982 op d’Welt komm ; hien ass bestued a Papp vun engem Jong, dee 4 Jar al ass.
Den 1. Oktober 2004 ass den Simon an de Restaurant Parmentier op Lënster an d’Kiche schaffe komm. Hien huet eng schéi Carrière gemaach : vum Commis de cuisine am Ufank ass hien elo Chef vun deem waarmen Iessen a Responsabel fir den Akaf.
Fir 10 Jar Mataarbécht huet hien op déi traditionell gëllen Auer verzicht. Hien huet als grousse Wäikenner sech eng Fläsch von deem grousse bekannte Château Petrus gewënscht. D’Propriétaire vum Restaurant, d’Véronique an de Claude Putz an den Tenchini Mauro, hunn dem Simon e grousse Merci ausgesprach fir déi gutt an efficace Aarbecht an dat flott Zesummenschaffe während deenen 10 Jar. Déi flott Feier huet hiren Héichpunkt an engem Stärerestaurant fonnt. Zum Schluss vum Owend huet de Simon all interesséiert Gourmerten agelueden, fir mol an de Restaurant ze kommen, fir datt hie säi Kënne kann ënner Bewäis stellen.