Déi Lënster Seniore waren an Holland

Zu 48 sinn d'Membre vun de "Lënster Senioren" an de Bus geklommen, fir vum Chauffeur Josy Theisen op Domburg an op Middelburg an Holland gefouert ze ginn a fir do zwéi schéin Deeg ze verbréngen. D'Mier, d'Dünen, déi gesond Loft, d'Géigend an och de Badhotel zu Domburg wäerte si a beschter Erënnerung behalen.