Gedenkzeremonie fir d'Verkéiersaffer zu Jonglënster
um weitere Bilder zu sehen.
E Samsdeg huet d'Association des Victimes de la Route (AVR) un d'Verkéiersaffer geduecht. Vill Leit, Politiker, Familljemembren, Membre vun der AVR hate sech bei der Meditatiounsskulptur "Op Wäimerech" bei Lënster afonnt, fir un d' Affer an hir Familljen a Frënn ze denken. A senger Usprooch huet de President vun der AVR, de Raymond Schintgen, ënnert anerëm dat hei gesot: " Mir alleguer sollen zesummen doru schaffen, fir an Zukunft manner Misär op eise Stroossen ze hunn, an nach eng Kéier, Campagne mat de Concernéierten ass an den Ae vum AVR och eng Méiglechkeet ze sensibiliséieren; mir alleguer - an do gehéieren haaptsächlech d'Haaptakteure wat d'Verkéieressécherheet ubelaangt dozou - sollen elo dach endlech agesinn, dass et just zesumme geet. Grouss Suerge mécht eis de Gebrauch vun den Handyen am Stroosseverkéier. Hei muss nach vill geschafft ginn, fir datt d'Bewosstsënn vun der Gefar bei alle Bedeelegten vum Strosseverkéier ukënnt."