Generalversammlung vum Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster

De 27. Mäerz 2019 huet de Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster (SIJ) seng 41. Generalversammlung am Festsall vun der Gonnerenger Schoul ofgehalen.

De President Raymond Tescher huet d’Leit déi sech Zäit geholl haten fir an d’Versammlung ze kommen, häerzlech begréisst.

Nom Aktivitéitsrapport vun 2018, virgedroen vum Vize-President Pierre Strasser, huet de Raymond Tescher déi finanziell Situatioun vum Veräin duergestallt.

Um Programm fir 2019, konnt de Vize-President Pierre Strasser folgend Punkten ukënnegen:

De 15. a 16. Juni fannen an der Buerg déi 39. Konschthandwierker-Deeg statt. Ënnert de villen Demanden, hu mer 115 Konschthandwierker zeréckbehalen, dovun 19 Konschthandwierker déi fir d’éischt mat derbäi sinn.

De Parking mat Navette get vu Jonglënster aus organiséiert.

Et lount sech erëm eng Kéier fir déi 2 Deeg an d’Buerg ze kommen.

Den 23. a 24. November ass déi 9. Oblag vun der «Wanterzäit » geplangt, eng Ausstellung mat Verkaf zum Thema « Kaddo ».

Gläichzäiteg gëtt erëm de Chrëschtbeemercher‘s-Concours fir d‘Schoulklassen aus eiser Gemeng organiséiert, woubäi och Dir op der Platz ofstëmme kennt.

De Comité sëtzt sech fir 2019 folgendermoossen zesummen:
Raymond Tescher, Pierre Strasser, Henri Kerger, Gaby Wagner, Audrey Breger-Helminger.

Duerno koum et zur Präisverdeelung vum Concours „Villages fleuris“.

Well mer onbedéngt nei Comité’s-Membere brauchen, wäerte mer eis an deem Sënn, mat vill Courage, op d’Sich maachen.

Wann Dir eng Persoun kennt, déi interesséiert wier, sot eis w.e.g. Bescheed.

De Syndicat d’initiative aus der Gemeng Jonglënster