Jonglënster: “Wanterzäit” Editioun 2018

De 24. a 25. November hat de Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster fir 8. Kéier seng Manifestatioun “Wanterzäit” am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster organiséiert.


An enger gemittlecher Chrëschtambiance haten d’Leit, déi d’Geleeënheet genotzt haten, d’Méiglechkeet Kaddoen fir Grouss a Kleng ze kafen.


D’Auswiel war breet gefächert, et goufen z.B. Kaddoen aus Holz a Keramik, awer och Krëppen, “Patchwork”, Likör, Arrangementer, Bijouen, Petzien, Kanner Gezei, Kamellen, Kaarten, Corbeillen a nach villes méi.


Dëst Joer haten 10 Schoulklassen aus eiser Gemeng hier selwer gerëschte Chrëschtbeemercher ausgestallt.


Beim Chrëschtbeemerchersconcours hunn d’Leit fir hire Favorit ofgestëmmt.

Duerno koum de Beemchen an d’Schoulklass, wou en elo e puer Wochen d’Kanner an déi richteg Stëmmung wäert bréngen.


All Schoulklass, déi matgemaach huet, krut doniewent och nach e Präis.

Wéi schonn déi Joren virdrun, kann e soen dass de Wee op Jonglënster sech gelount hat.