“Wanterzäit” am Lënster Lycée International School (Editioun 2019)
um weitere Bilder zu sehen.
Den 23. a 24. November hat de Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster fir déi 9. Kéier seng Manifestatioun “Wanterzäit” a fir d’éischt am Lënster Lycée International School Jonglënster organiséiert.
An enger gemittlecher Chrëschtambiance haten d’Leit, d’Méiglechkeet Kaddoen fir Kleng a Grouss ze kafen.
D’Auswiel war breet gefächert, et goufen z.B. Kaddoen aus Holz, Metall, Stoff a Keramik, awer och Krëppen, Likör, Hunneg, Arrangementer, Bijouen, Petzien, Kanner Gezei, Käerzen, Kaarten, Biller, Spiller a nach villes méi.
Dëst Joer haten 31 Schoulklassen aus eiser Gemeng an der International School hier selwer gerëschte Chrëschtbeemercher ausgestallt.
Beim Chrëschtbeemercher’s-Concours hunn d’Leit fir hire Favorit ofgestëmmt.
Duerno koum de Beemchen an d’Schoulklass, wou en elo e puer Wochen d’Kanner an déi richteg Stëmmung wäert bréngen.
All Schoulklass, déi matgemaach huet, krut doniewent och nach e Präis.
Fir déi musikalesch Ënnermolung, huet den LLJ International Chouer, esou wéi d’Spillschoulskanner vun der International School gesuergt.
Eng gelongen Manifestatioun fir Kleng a Grouss bei engem klenge Maufel fir den Honger oder e Stéck Kuch fir déi Glëschtereg.
Wien net do war, huet Eppes verpasst.