Generalversammlung vum Syndicat d'Initiative aus der Gemeng Jonglënster

De 29. Mäerz 2023 huet de Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster seng 45. Generalversammlung am Festsall zu Gonnereng ofgehalen.

De President Raymond Tescher huet d’Leit déi sech Zäit geholl haten fir an d’Versammlung ze kommen, häerzlech begréisst.

Nom Aktivitéitsrapport vun 2022, virgedroen vun der Sekretärin, dem Audrey Breger-Helminger huet den Tresorier de Raymond Tescher jr. déi finanziell Situatioun vum Veräin duergestallt.

Um Programm fir 2023, konnt d’Sekretärin Audrey Breger-Helminger folgend Punkten ukënnegen:

De 17. an 18. Juni fannen an der Buerg déi 40. International Konschthandwierker-Deeg statt. Eng 100 Konschthandwierker hu sech ugemellt, dovun eng Rei Aussteller déi fir d’éischt mat derbäi sinn.

De Parking mat Navette gëtt vu Jonglënster aus organiséiert.

Et lount sech erëm eng Kéier fir déi 2 Deeg an d’Buerg ze kommen.

De 25. a 26. November ass «d‘Wanterzäit» am Center Polyvalent Gaston Stein geplangt, eng Ausstellung mat Verkaf zum Thema «Kaddo».

Gläichzäiteg gëtt erëm de Chrëschtbeemercher‘s-Concours fir d‘Schoulklassen aus eiser Gemeng organiséiert, woubäi och Dir op der Platz ofstëmme kennt.

De Comité sëtzt sech fir 2023 folgendermoossen zesummen:

Raymond Tescher, Henri Kerger, Gaby Wagner, Audrey Breger-Helminger, Raymond Tescher jr., Michèle Weis.

Duerno koum et zur Präisverdeelung vum Blumme-Concours «Villages fleuris» an zwar un 10 Familljen aus der Gemeng.


De Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster