Immens positiv Stëmmung bei der Lënster CSV


De President Tom Weber war méi wéi zefridden, wéi en d‘Generalversammlung viru ville Membre konnt opmaachen. Ganz besonnësch huet hien de Parteipresident Frank Engel, seng Virgängerin Françoise Hetto-Gaasch an den Ostdeputéierte Léon Gloden begréisst. E grousse Merci goung un all déi Membren, déi am Laf vum leschte Jar sech fir d’CSV agesat hunn, an dat op deene verschiddenste Pläng. Hien ass op déi nei Strukturéierung vun der Sektioun agaangen, wouduerch eenzel Gruppen déi verschidde Projete wäerten ënner d’Lupp huelen, éier si an de Plenum kommen. Hien ass och d’Projete vun der Gemeng agaangen, wou hie besonnësch de Wunnungsbau an d’Infrastrukturen hervirgestrach huet.

E ganz detailléierten Aktivitéitsbericht huet de Sekretär Jean Boden virgedroen, aus deem hervirgaangen ass, datt d’CSV aus der Lënster Gemeng dat lescht Jar net geschlof huet. An 11 Sëtzunge vum Comité sinn déi 14 Sëtzunge vum Gemengerot behandelt ginn, d'Artikle fir d'Zeidung Op de Punkt gouwe preparéiert, e Grillfest gouf organiséiert an d'CSV hat e Stand um Lënster Maart. Zweemol huet d'Fraktioun sech eleng getraff an zweemol mam Koalitiounspartner, fir verschidde Sujeten a Projeten ze diskutéieren. 2019 huet déi Lënster CSV virun de Wale fir d'Europaparlament sech fir d'CSV-Kandidaten agesat.

No deem positive Keessbericht vum Marc Weydert si verdéngschtvoll Membre vum Frank Engel ausgezeechent ginn: Ari Gudmansson (25 Jar); Marie-Pierre Reitz-Schiltges (25); Philippe Trierweiler (25); Pierre Muller (25); Ries-Reinard Dagmar (30) an den Armand Trierweiler (55).

Duerno huet de Parteipresident e ganz interessanten Exposé gehalen, wou hien iwwer d’Grondsteier, d’Spekulatiounsbekämpfung, steierlech Mesure wat d’Bauland betrëfft, d’Enregistrementskäschten an den ëffentlechen Transport referéiert, also iwwer Sujeten, déi d’Leit all interesséiert hunn.

Duerno war d’Rei dann um Buergermeeschter Romain Reitz, dien en Ausbléck gemaach huet op déi Projeten, déi an der Lënster Gemeng kuerzfristeg realiséiert ginn: Ausbau vun den Infrastrukture fir d’Museksschoul, Bau vun enger Naturcrèche, Uleeë vun engem Park zu Eeseber, Bau vun engem Veräinsbau zu Eeschler, Erneierung vu Stroossen zu Beddler, Eeschler a Gonnereng, Ausbau vun der Kläranlag zu Gonnereng, Bau vu Schoulsäll zu Lënster, Aarbebechten an der JongMëtt zu Lënster, Réckbau vun der N11 zu Lënster. Doniewent ginn d’Veräinssubsidien no uewen ugepasst an et gëtt erëm eng „Grouss Botz“ organiséiert. De Romain Reitz huet awer och déi gutt Zesummenaarbecht mam Lënster Lycée, mam Roude Kräiz, mat de Veräiner a mam ORT hervirgehuewen.