Informationsversammlung iwwert 'Demandeurs de protection International' zu Jonglënster

INFORMATIOUNSVERSAMMLUNG ‘Demandeurs de protection International’ an der Gemeng Jonglënster
Datum: 15.11.2012
Centre polyvalent Gaston Stein
Presentatioun: Jonglënster Schäfferot an 3 Vertrieder vum Familljeministère (OLAI)
Präsent woren +- 100 Leit

No der Begréissung vun der Buergermeeschtesch Francine Colling-Kahn, goufen d’Leit opgefuerdert direkt hier verschidde Froen ze stellen, déi se am Kontext vun der geplangter Ënnerbréngung vu 35-40 Flüchtlingen hunn.

Verschidde Leit hunn dann direkt gefrot, respektiv reklaméiert datt si keng Informatiounen am Virfeld kritt hunn iwwert d’Decisioun de Site niewent der Jonglënster Kierch fir eng Struktur ze benotze fir do Flüchtlingen ënnerzebréngen. Doropshin huet de Vertrieder vum Familljeministère confirméiert datt dëse Site net méi aktuell wier, an zwar haaptsächlech aus finanzielle Grënn. Déi néideg Aarbechte fir dëse Site ze amenagéiere wieren am Endeffekt vill méi deier gi wéi virgesinn an dofir ass dëse Site eliminéiert ginn.
D’Buergermeeschtesch huet dann och de genauen Oflaf vun der ganzer Prozedur erklärt, vum Februar bis Juli dëst Jor. Effektiv wor de Site bei der Kierch ee vun enger ganzer Rei vu Proposen déi d’Gemeng dem Ministère erageschéckt hat. Vu que datt och de Gemengen- a Schäfferot éischter fir dezentral Léisunge plaidéiert hat, also des Leit a méi klengen Unitéite verdeelt iwwert d’Gemeng ënnerzebréngen, ass awer bis ufank Juli keng weider Informatiounen aus dem Ministère komm. Dunn huet sech de Ministère gemellt an erklärt datt momentan eng Urgence giff virleie fir haaptsächlech Famille mat Kanner aus dem Balkan ënnerzebréngen. Dofir hätten si de Site bei der Kierch zréckbehalen. Des Leit giffen och nëmmen duerchschnëttlech 6 Méint bleiwen, well si praktesch keng Chancen hätten de Statut vu ‚Demandeurs de protection International‘ ze kréien, well des Leit haaptsächlech aus economeschen Ursaache kommen an net de Statut no der Genfer Konventioun erfëllen.. Dofir giff de Ministère eng mëttelgrouss Struktur virgesi fir 35-40 Mënschen. Do giff dann och een Encadrement fir des Leit bestoen an d’Kanner giffen och eng op si zougeschnidde schoulesch Ausbildung kréien. Opgrond vun dëser Demande huet de Schäfferot dann déi normal Prozedur lancéiert wéi et am Fall vun enger Baugenehmegung muss sinn, an huet och d’Integratiounskommissioun informéiert fir Aktiounen auszeschaffe fir 1) Awunner aus der Gemeng ze informéieren an 2) Proposë fir een Encadrement vun seiten vun der Gemeng auszeschaffen. Vue que datt et just virun der Summervakanz wor ass zu deem Moment keng extra Informatiounsversammlung ofgehale ginn a just iwwert d’Press e Communiqué gemat ginn.

D’Buergermeeschtesch huet och betount datt et fir eng Informatiounsversammlung éischter am Jor net genuch konkret Informatioune virgeluecht hätten, an dat an hiren Aen dunn kee Sënn gemat hätt. Allerdéngs hätt eng allgemeng Informatiounsversammlung iwwert déi ganz Problematik effektiv kenne gemat ginn.

Verschidde Leit hunn och betount datt si näischt géingt des Leit hätten, si awer just aus Mangel un Informatiounen sech opgereegt hätten an och den initial gewielte Site net gudd fannen. Et konnt allerdéngs am Laf vun den Diskussioune keng iwwerzeegend Argumentatioun géingt den initialen an elo klasséierte Site duerbruecht ginn.

Et goufen och am Laf vum Owend zwee Temoignagen aus anere Gemengen (Parc Housen a Betzder) déi vu gudden Erfahrunge mat hire Strukture konnten erzielen. Friemenangscht, Prejugéen a Beréireungsängscht ass am beschte mat konkrete Beispiller, Informatiounen a perséinleche Begéinunge bäizekommen, dat wor och een Haaptpunkt vun der Interventioun vun engem Représentant vun der Integratioun Kommissioun.

Als lescht konkret Informatioun gouf dann nach gesot datt de Ministère seng ‚Urgence‘ elo anescht geregelt huet a mat der Gemeng zesummen un engem Planning schafft fir eng dauerhaft Struktur an der Gemeng Jonglënster opzebauen. Momentan gëtt vum Schäfferot un enger Etude geschafft fir verschidde potentiell Siten op hier Eegnung ze préiwen. Soubal do eppes konkretes virleit giffen d’Awunner aus der Gemeng direkt informéiert ginn. Et gëtt sech haaptsächlech op Sitë fokusséiert déi a relativ kuerzer Zäit disponibel wiere fir esou eng Struktur ze schafen.

No 1.5 Stonnen ugereegter Diskussioun ass dësen Informatiounsowend da bei engem gudde Patt op een Enn komm.

Foto an Text BODEN Jean