Jonglënster: Meng Gemeng


Déi Lënster Gemeng mecht hir Diere grouss op. Déi Responsabel wëllen allen Awunner d'Geleeënheet ginn, e besseren Abléck ze kréien an all dat, wat an der Gemeng geschitt: d'Aarbechte vum Schäffen- a Gemengerot, vun de Beamten aus dem Sekretariat an aus der Recette, vum technëschen Déngscht, vum Regiebetrieb. Véiermol sinn d'Awunner zesummegeruff fir sech mat diene verschiddenen Departementer auserneen ze setzen a se besser kennen ze léieren. Et bleiwen nach dräi Sëtzungen an zwar e Samsdeg, den 12. Februar, vun 9 bis 12 Auer, am Centre culturel, e Samsdeg, den 12. Mäerz, vun 9 bis 12 Auer, och am Centre culturel an e Feideg, den 1. Abrëll, ëm 17.15 Auer am Sëtzungssall vun der Gemeng (Gemengerootssëtzung). (dd)