Lënster : Grousse Succès fir den éischte Bicherbazar vum Lënster Bicherclub

Den 28. Abrëll 2011 ass de « Lënster Bicherclub Luxemburgensia » an d’Liewe geruff ginn. Un der Spëtzt vum Veräi steet d’Carole Niesen-Jegen als Presidentin ; Vizepresident ass den Serge di Paoli, Sekretär de John Feller, Keessière d’Marie-Thérèse Rüdisser a Membren den Edouard Jegen, d’Madeleine Niesen-Jaeger an d’Nathalie Reuland-Schmit.
No diene villen Aktivitéiten, déi dee jonge Club bis elo hat, huet hien haut e Bicherbazar am « Centre polvalent Gaston Stein » an der Laangwiss organiséiert, dee bis den Owend 17 Auer dauert. Romaner, Konschtbicher, Kachbicher, Fachbicher, Atlassen, Schoulbicher, wëssenschaftlech Bicher an nach vill aner kann een do kucken a kafen.
Schon ëm 10 Auer de Muerge ware vill interesséiert Bicherfrënn op der Plaz, fir sech nëmmen näischt entgoen ze loossen. (dd)