Päischtmass zu Jonglënster

Päischtsonndeg huet de Paschtouer Nico Jans d'Mass an der schéiner Barockkierch zu Jonglënster gehalen. De Kantor Luc Nilles an den Organist Laurent Felten hunn déi sëllege Leit, déi do waren, agelueden, matzesangen. Et huet ee gespuert, datt d'Leit richteg frou waren, datt si erëm an d'Kierch konnte goen; si hu betount, datt ouni Sonndesmass et kee richtege Sonndeg gëtt, a scho guer kee Päischtfest.