Resumé vun der Gemengerotssëtzung vum 22. Juli 2016 - Gemeng Jonglënster

Niewent der Approbatioun vu verschiddenen Akten a Konventiounen, Changementer a verschiddene Gemengekommissiounen, a Froen un de Schäfferot (de geneeen Ordre du jour läit hei bäi ) waren déi Haaptpunkten

•den APD, also ‚Avant-Projet Détaillé‘ vun der Vergréisserung vun der Maison relais a Cycle C1 / Terrain fir d’Schoulinfrastrukturen an der Buerg.
Vu que datt mir an onser Gemeng ëmmer méi Awunner kréien, mussen och ons schoulesch Infrastrukturen ausgebaut ginn.

An der Buerg hu mir dëst an deene leschte Jore gemaach, a mir hunn hei och elo niewent dem Schoulkomplex ee bal 69 Ar groussen Terrain kaaft fir 1.715.250.- €. Domat hu mir elo hei déi Méiglechkeete fir ee weideren Ausbau, respektiv och nach fir Wunnengsbau op engem Deel vun dësem Terrain.

E weidere Projet gëtt elo och konkret, den Ausbau vun der Maison Relais / Cycle C1 zu Gonnereng. Hei huet d’Gemeng sech fir en innovative Projet entscheet duerch deen hei nei Plaz fir 160 Kanner geschaaft gëtt. Dëst Gebai, op dräi Niveauen, kritt eng zentral ‚Piazza‘ an och och eng ‚Salle polyvalente‘ fir Opféierunge mat 100 Plazen. Och d’Kichen an den Iessberäich ginn ausgebaut. Dëst neit Gebai berécksiichtegt net nëmmen déi neist pädagogesch Erkenntnisser bei der Konzeptioun, méi och déi Ëmwelttechnesch. Hei gëtt ee Gebai a Massivholzkonstruktiounsbauweis, an enger AA Klass gebaut, mat Foussbuedemheizung, enger Reewassernotzungsanlag an enger Photovoltaikanlag, déi Stroum fir d’Basisversuergung vum Gebai liwwert, also direkt um Site verbraucht gëtt an net an d’Netz agespeist gëtt. Wann alles no Plang leeft, ginn d’Ausschreiwungen am Hierscht gemaach, a Bauufang wier dann am Mäerz 2017. De Planning gesäit vir, datt alles fir d’Rentrée 2018 fäerdeg misst sinn. De Käschtepunkt beleeft sech op ronn 8,6 Milliounen Euro. No de staatleche Subventioune géfen hei fir d’Gemeng nach ronn 6,1 Milliounen Euro iwwreg bleiwen.

•den Devis fir d’Aarbechten um Fernwärmenetz an der Rue de la Gare zu Jonglënster
Ons Gemeng huet jo een eegent ‚Fernwärmnetz‘, wou d’Hëtzt an enger Holzhackschnëtzelanlag produzéiert gëtt. Fir hei eng méi grouss Sécherheet ze kréien, respektiv fir och kënnen iwwert de Summer dës Anlag kënnen auszeschalten, schléisse mir ons un de Projet vum Fernwärmenetz vun der ‚Lënster Energie‘ un. Heifir mussen dann och déi néideg Uschléiss geplangt a realiséiert ginn. Dofir gëtt elo, bei engem Käschtepunkt fir d’Gemeng vun 240.000.- € des Uschléiss an der ‚rue de la Gare‘ elo realiséiert.

•de Projet vun enger neier Sportinfrastruktur niewent dem neie Centre Sportif / Tennis zu Jonglënster.
D’Gemeng baut jo momentan en neie ‚Centre Sportif et de Tennis‘ zu Jonglënster. Initial war niewendrun nach ee Reserven Terrain iwwreg bliwwen, deen awer elo geholl gëtt fir en neie Projet ëmzesetzen. Op d’Demande vum Lënster Lycée an och well ee Besoin festgestallt ginn ass fir ëffentlech zougänglech Fräizäitsportméiglechkeeten ze schafen, gëtt elo op dësem Terrain eng 50 Meter Lafpist mat 5 Bunnen, eng Wäitsprongpist, eng Kugelstousspist an e Multi-Sport Fräizäitterrain fir z.B.: Fussball, Basketball an Handball realiséiert. En éischten Devis vun 330.000.- € läit dofir hei vir.

All dës Projete sinn unanim am Gemengerot gestëmmt ginn.

Opgrond vun enger Motioun vun Déi Gréng huet de Gemengerot decidéiert sech un der ‘Initiative contre la centrale nucléaire de Tihange’ unzeschléissen an hei sech och finanziell mat engem Subside vun 1.000.- € ze bedeelegen, wa mir am Virfeld e Rapport kréie wéi dës Suen agesat ginn.

Boden Jean