Virstelle vum neie Buch vum Lënster Gemengerot
um weitere Bilder zu sehen.
Haut de Muergen hunn déi zwéin Auteure René Link a Francis Dahm hiert neit Buch "Die Geschichte des Gemeinderates von Junglinster", vu 1796 un, am Sëtzungssall vun der Gemeng virgestallt. Derbäi waren de Buergermeeschter Romain Reitz an de Schäffe John Breden esowéi de jetzeg Membere vum Gemengerot, déi fréier Memberere vum Schäffen- a Gemengerot an och de fréier a jetzeg Beamte vun der Gemeng.
Dat flott Buch huet 543 Säiten a weit 250 Gramm; seng Dimensioune sinn 22 cm x 30 cm. Et ass an der Dréckerei Offset Schomer-Turpel vu Réimech gemaach ginn an huet eng Oplo vun 250 Stéck. Virwierder hu geschriwwen d'Ministere Xavier Bettel an Dan Kersch, de Staatssekretär Guy Arendt an de Buergermeeschter Romain Reitz. Déi verschidde Kapitelele begräifen: "Allgemeinder Tei; die Bürgermeister; die Schöffen; die Gemeinderatsmitglieder; die Gemeindesekretäre; die Gemeindeinnehmer; Historisches Dokument zur Geschichte des Gemeinderates von Junglinster; Kleiner Ausflug nach Rodenbourg".