Stäremarsch op de Përmesknupp

19
Dez
19 Dez

En Freidig den’owend 19ten Dezember ass dann de Stäremarsch, um 19 Auer vun der Kaunerefer Kierch duerch de Bësch an, wee weess villäicht esouguer ënner dem Stärenhimmel, op de Përmesknupp. D’Stephanie wäert äis d’Wonner vu Krëschtdag matt e puer schéine Gedanken sëcher nach méi no brengen. - Esou schéin hutt Der de Përmesknupp nach nie gesinn. Do blenken d’Kärzen an Liichterchen ëm d’Weet, et spiert een sech ërem sou wéi als Kand wéi Krëschtdag nach voller Magie an Geheimnisser war. Och de Përmeshaff ass hell beliicht an lued äis an sech beim Feier vum aalen Baackuewen ze wieremen an sech et gemittlich ze maachen. Jiddereen soll d’Gesellschaft genéissen a keen soll hongrich an duschtig heem trëppelen.