De Përmeshaff erwächt aus dem Coronaschloof

An de Summeren 2018 an 2019 hu mer matt villen Studenten an Fräiwëlliger an de Woche vun der grousser Vakanz gutt an erfolligräich Ausgruewungen gemeet. Awer 2020 war alles anescht, an et war néck drun ze denken fir matt eiser flotter Uerbicht um Përmesknupp weider ze fueren.

Gottseidank huet d‘Situatioun sech op mannst e bëssen gebessert an mer kënnen erëm ufänken um Përmeshaff ze buddelen. Geschafft gëtt wi och die Joeren virdrun ënner der Leedung vum CNRA, dem Service des Sites et Monumentes Nationaux an der Administration de la Nature et des Forêts déi eis och Studenten zur Verfügung stellen. Hinnen all en groussen Merci. D’archeologisch Leedung huet den Här André Kirsch.

Nodeem 2018 d‘ Fassade vum Haff mat der Mëschtekaul an dem Pavé fräigeluecht guffen, ass 2019 den lénksen, mi aalen Deel, ausgegruewen an vun Uerbicherter vun ArcheoConstruction S.A. no historischem Virbild befestigt ginn.

Dësen Summer, mer schaffen vun Moundes 19. Juli bis Fregdes 13 August, wäert et nach spannend ginn! Mer ginn elo an d‘ Wunnhaus an an d’Ställ eran. An do ass nach munch Iwwerraschung miggelich . Eis Studenten an vill Freiwëllig wäerten och dëst Joer eng wäertvoll Uerbicht leeschten fir deen alen Përmeshaff ze secheren an en esou fir d‘ Zukunft ze erhalen.

D‘Amis de St. Pirmin Kaundorf maachen awer och dëst Joer en Appell un all interesséiert Lekt, Jonker an nach ëmmer Jonker, di Spaass un archeologischen Saachen hunn, fir eis Hëllefen ze kommen.

Weider Infoen ginn ët iwwer Telefonsnummer 839405 , 691190149 oder 899640 an per mail j.nickels@pt.lu oder thilnick@pt.lu

Infoen iwwer de Përmesknupp fënnt een op www.stpirminkaundorf.lu


D'Fotën di der hei gesidd sën aus de Joeren 2018/19