Marvel vs. DC - Cecilie-Concert 2018

Mat Musek ronderem d’Superhelde vun de Comic-Editioune Marvell an DC huet d’Harmonie Ste Cécile Kayl de 17. November 2018 op hire Cecilie-Concert an d’Schungfabrik op Téiteng invitéiert. Mat Titele wéi Batman, Captain America Theme, Superman March, Suicide Squad, Thor: The Dark World a Wonder Woman wosst d’Käler Musek, ënnert der Direktioun vum Sandro Bucciarelli, e breet gefächert Publikum ze begeeschteren. Duerch de Programm gefouert hunn d’Martine Marx an de Marc Gillet.

Sou wéi d’Traditioun et wëll, sinn och dëst Joer um Cecilie-Concert laangjäreg Museker vun der UGDA geéiert ginn. A Präsenz vun der UGDA-Vertriederin Mme Arlette Wagner-, der Schäffin Mme Viviane-Schenten Petry, an dem President Jean-Pierre Wilwert, sinn dës Auszeechnungen u Membere vun der Käler Musek iwwerreecht ginn: den Insigne fir 5 Joer un den Jack Louis, d’Distinction d’honneur en bronze fir 10 Joer un de Sam Louis an d’Françoise Goedert, d’Distinction d’honneur en argent fir 20 Joer un d’Caroline Wilwert, an d’Distinction d’honneur en vermeil fir 30 Joer un de Marc Gillet.

No engem gelongene Concert mat vill energesche Rhytmen an heldenhaften Titelmelodien, huet de President Jean-Pierre Wilwert op den nächste Rendez-Vous bei der Käler Musek invitéiert: Samschdes, de 15. Dezember sinn et nämlecht déi Jéngst aus der Musek, d’Schülerband, déi op der Chrëschtsoirée vun der Harmonie Ste Cécile um 19.00 Auer an der Téitenger Schungfabrik am Mëttelpunkt stinn.