Young Soloists – Gala-Concert 2022

Op hirem Gala-Concert 2022 war d'Harmonie Ste Cécile vu Kayl houfreg, enger Rei vu jonken Talenter aus hire Reien d'Geleeënheet kënnen ze ginn, sech als Solisten ze präsentéieren. Den 23. Abrëll hat d'Käler Musek, ënnert der Direktioun vun hirem Dirigent Sandro Bucciarelli, op de Concert Young Soloists am Centre Culturel Schungfabrik zu Téiteng invitéiert.


Ugefaangen huet d'Harmonie Ste Cécile hire Concert mat der Jubilee Overture vum bekannten englesche Komponist Philip Sparke, deen dësen Owend nach méi wéi eemol sollt am Mëttelpunkt stoen. Mat der Solistin Magali Sturm op der Klarinett huet d'Orchester do e Sprong an d'18. Jorhonnert gemaach, mam Allegro aus dem Konzert für Klarinette und Orchester op. 36 vum Franz Krommer. Zeréck an d'20. Jorhonnert mat méi zäitgenössesche Rhythmen huet d'Solistin Anaïs Both d'Publikum mat Carnival vum Philip Sparke geholl. Dëst Solo-Stéck fir Saxophon Alt an Harmonieorchester huet, wéi den Titel et schonn undeit, sprëtzeg Melodien a latäinamerikanesch ugehauchten Elementer virgestallt. Als lescht Stéck vum éischten Deel, stung d'Filmmusek Giorni Dispari vum Ludovico Einaudi um Programm. Solist um Fligel war hei de Pol Thiel, dee Flüttist an de Reie vun der Käler Musek ass.


No Imagine vum John Lennon, huet d'Solistin Martine Marx d'Publikum mat an eng deels verdreemte Welt vu rouege Melodien, deels an eng energiegelueden Atmosphär geholl, mat A Lindisfarne Rhapsody vum Philip Sparke. E ronnen Ofschloss vum Concert war den 1. Saz aus dem Violinkonzert op. 64 vum Felix Mendelssohn Bartholdy. Mat dësem beléiftene Wierk huet d'Solistin Laurène Schuller de Concert mat engem - fir en Optrëtt vun engem Harmonieorchester - neien a besonneschen Hauch versinn.


Mat engem ofwiesslungsräiche Programm, duerch deen de Claude Migliosi op eng sprëtzeg Aart a Weis gefouert huet, war d'Käler Musek frou no dach schwierege Méint, déi vun der sanitärer Kris gezeechent waren, e Concert ze präsentéieren deen e gutt gefëlltene Sall wosst ze begeeschteren.