Slavia: Gala-Concert 2018 vun der Harmonie Ste Cécile Kayl

Den 21. Abrëll hat d'Käler Musek op hire Gala-Concert 2018 an d'Schungfabrik op Téiteng invitéiert. Ënnert dem Titel "Slavia" huet d'Harmonie Ste Cécile ënnert hirem Dirigent Sandro Bucciarelli e Programm presentéiert, deen dem Publikum bekannte Musek aus Russland, der Tcheschei an dem Balkan e bësse méi no bruet huet. Mat der Festive Overture vum Dmitri Shostakovich war dem Orchester e spannenden Optakt vum Concert gelongen. Dono stunge mat der Marche Slave vum Tchaikovsky an der Finale aus der 9. Sinfonie vum Antonin Dvorak zwee Meilesteng aus der Romantik um Programm. Nach eemol koum den Dvorak mat Song to the Moon aus der Oper Rusalka zu Eieren. Hei wosst d'Solistin Simone Martiny mat hirer Stëmm d'Nolauschterer ze begeeschteren.

No engem klengen Intermezzo vun der Käler Schülerband, ënnert der Direktioun vum Marc Gillet, stung den Ufank vum zweeten Deel ganz am Zeeche vum russesche Folklor a sengen traditionelle Lidder. Mat ville bekannte Melodien huet d'russesch Chorale Razdolye, zesummegesat aus Sängerinnen déi zu Lëtzebuerg liewen, an hiren impressionanten Truechten e Stéck russesch Kultur mat an d'Schungfabrik bruet.

E weideren Héichpunkt vum Owend war d'Prestatioun vum Saxophonist Sandro Bucciarelli, dee mam Hummelflug vum Rimsky-Korsakov säin exzellent Kënne bewisen huet. Mat Pictures at an Exhibition vum Mussorgsky, Vocalise vum Rachmaninoff, Soferska vum Bregovic an dem Tetris Theme huet d'Käler Musek als Ofschloss vun hirem Concert e ganz foarwegen an ofwiesslungsräiche Programm presentéiert.


D'Harmonie Ste Cécile stung ënnert der Direktioun vum Sandro Bucciarelli. Duerch de Programm gefouert hunn d'Martine Marx an de Marc Gillet.


Photos: Pierre Muller


www.kaelermusek.lu