Eng musikalesch Geschicht fir Kanner

Ënnert dem Titel "D'Lisa an de Jan op Weltrees - eng musikalesch ënnermoolte Geschicht fir Kanner" hat d'Käler Musek e Sonnden, de 5. Mee op eng musikalesch Matinée fir Kanner an d'Schungfabrik op Téiteng invitéiert. D'Geschicht baséiert op den Texter an der Musek vum Helga Warner-Buhlmann, an erzielt vum Jan a vum klenge Lisa, déi dovun dreemen, mat engem Fliger op Weltrees ze goen. Si fléien op Paräis, Roum, Kingston, a Russland an an d'Alpen.

E Grupp vu 17 Museker vun der Harmonie Ste Cécile Kayl huet d'Geschicht musikalesch begleet. Mat Tango, Valse, jamaikanesche Kläng a russesch ugehauchtene Melodien wossten d'Museker hirt ganz jonkt Publikum ze begeeschteren an hinnen d'Welt vun der Musek e bësse méi no ze bréngen. Iwwer 70 Kanner hate sech mat hiren Elteren am Centre Culturel Schungfabrik afonnt, an hu sech vun der Erzielerin Annick Mathias mat op eng spannend Rees huele gelooss.