Brennerei-Fest zu Kielen

Den 10. Dezember fënnt an der Brennerei Adam zu Kielen erem dat traditionnelt Brennerei-Fest statt. D'Frënn vum Brennereimusée invitéiren op en Dag mat flottem Programm, deen um 10 Auer moies ufänkt wann de Brennkessel gefëllt gëtt.

Programm

- 11.00 Auer: 15 Joer Brennereimusée

- 11.30 Auer: Conert-apéro vun der Musik Gemeng Helperknapp

- 16.00 Auer: Chrëschtconcert vun der Simmer Duerfmusik

- 18.00 Auer: Optrëtt vun der Mëttelalter- Grupp Acus Vaccum

De ganzen Dag iwwer suerge mir dofir, datt keen hongereg an duuschtereg bleiwt!

Des weideren gëtt et e Verkaaf vu Kaarten, Bijou‘en, Produit‘en vum Baurenhaff asw., e Fotoshooting, eng Tombola an nach villes méi.