Mirabelle-Fest zu Kielen

Den 3. September haaten d'Frënn vum Brennereimusée fir d'éischte Kéier op d'Mirabelle-Fest invitéiert. Ugefaangen huet dëst mat dem Concert-Apéro vun der Kielener Strëpp an dem Virstelle vun der Mirabelle-Prinzessin. Bei herrlechem Wieder, waren dunn de ganzen Dag iwwer honnerte vu Leit um Site vum Brennereimusée an hu sech de Mëttegmenu, d'Gegrills an déi sëlleche Mirabelle-Spezialitéite gutt schmaache gelooss. D'Kanner koumen op hier Käschten mat engem Sprangschlass a Face-Painting, während déi Grouss sech beim Holzstack oder dem Mirabellekäre-Späitz-Concours konnte moossen. Fir musikalesch Animatioun war ënner aanerem och gesuergt, duerch de Klarinettenensembel Claresco. Alles an allem war et e gelongent Fest mat vill gudder Stëmmung, bei deem d'Mirabellen aus de Kielener Bongerten am Mëttelpunkt stoungen. No deem Erfolleg gëtt iwwer eng 2. Editioun fir d'nächst Joer nogeduecht!